D‘rise Katastroph bei der Télé

gëtt opgefouert an der Hal Irbicht zu Biereng / Miersch

Lëtzebuergesch Fassung vum Jos Weimerskirch – no “Super-GAU im TV” vum Winnie Abel

Plaz Reservatioun

Den Entrée : € 15,- fir déi Erwuessen an € 5,- fir d'Kanner bis 12 Joer

Ab dem 1. Dezember kënnen d'Plaze reservéiert ginn um Tel. 651-20 97 52 vun 18.30-20.30 Auer oder um Site www.tfp.lu.

E klenge Resumé vum Stéck

Am Verkaafssender KAF TV geet et drënner an driwwer: en exzentresche Senderchef, 
extravagant Moderatorinen an en hysteresche Regisseur um Rand vum Nervenzesummebroch. An dat Ganzt geréit
komplett aus de Fugen, wéi den Theo Klein, en éierlechen awer chronesche Pechvull, an de Studio
kënnt. Hien ass eigentlech just do fir ze botzen, mee duerch en absurden Zoufall gëtt hie fir en US-Starmoderator
gehalen.

Den Theo wittert dat grousst Geld a spillt d’Roll mat. Mee wéi den richtegen amerikanesche
Moderator op eemol opdaucht, brécht en turbulent, chaotesch an héichkomescht Stoppchesspill lass.

Eng sprëtzeg Comedy voller Situatiounskomik, Iwwerraschungen an engem Abléck an déi skurril
Welt vum Teleshopping – dat ass “D‘rise Katastroph bei der Télé”.

ënnert der Regie vum Karin Kremer

Regie: Karin Kremer
Regie-Assistenz & Pësperkëscht: Trixie Jauersch
Coiffure a Schminkdëppchen : Coiffure Beringer 

Et spillen

Vorstellung Jan 2026 1600x1280

Nadine Anen, David Bettinelli, Margot Dengler, Felix Dengler, Claude Haubrich, Max Hübsch,
Lea Kauffmann, Xenia Medinger, Catherine Schneiders, Pier Reding, Daniela Valente

Bünebau an Technik

Roland Kauffmann, Florian Centurione, Jean Bück, Charel Elcheroth, Claude Haubrich, Pier Reding, Paul Reding, Mike Schank, Romain Seil, Marc Obry, Ed. Schwarmes